No Violence
 
 

de Coolness-Training fir Klassen soll gewaltpräventiv wierken (20 Stonnen, 3 Deeg à 6 Stonnen). Et geet drëm d’Kompetenz vun der Peergrupp ze stäerke fir mat schwierege gewaltbesate Situatiounen ëmzegoen an d‘Gruppendynamik an enger Klass positiv ze änneren. Ugebuede gett den Training säit dem Fréijoer 2012 op Demande vun der Direktioun vum Véronique Schons, Psychologin an dem Sergio Bandeiras, Educateur, respektiv externen Traineren.





Kontakt:     veronique.schons@nosl.lu

                    sergio.bandeiras@nosl.lu

 
Coolness-Training
Keep Cool

den Training fir gewaltbereet Jugendlecher (60 Stonnen) baséiert wéi de Coolness-Training op der konfrontativer Pädagogik. Grondgedanken dovunner ass, dat Täter mat de Konsequenze vun hirem Handele konfrontéiert musse ginn, fir eng Verhalensännerung ze bewierken. Bis elo huet den Training 2 Mol mat Succès am NOSL stattfonnt – am Schouljoer 2009/2010 mat 12 an 2010/2011 mat 10 Participante. Dëst Schouljoer gouf et am 1. Trimester 2 Mol en Refresh fir d‘ Schüler vum letzte Joer an am Moment leeft d‘ Langzait-Evaluatioun vun dem 2. Training. Ugebuede gëtt den Training op Demande vun der Direktioun vum Véronique Schons, Psychologin an dem Sergio Bandeiras, Educateur – allen zwee ausgebilten Anti-Gewalt Trainer.

Cool Down Programm