de MoRe2We Training (2x pro Woch 1 Stonn) ass e Cours fir d’Förderung vum Sozialverhale vu verhalensopfällege Schüler (si huelen fräiwëlleg deel). Ziel vun deem Konzept ass et, di Jugendlech, di wéint hirem Verhalen an der Schoul disziplinaresch Mesuren riskéieren, souwäit ze stabiliséieren, dat si an der Klass bleiwe kennen. Dëse Cours gëtt säit dem Fréijoer 2008 am NOSL ugebueden. MoRe2We steet fir Motivation Respect Responsability a Well-Being.
Kontakt: yooja.ludwig@education.lu