Eenzel Stéierungen am Cours stellen ee grousst Hindernis fir d’Enseignanten duer, fir hier pädagogesch Zieler ze verwierklechen. Am Time Out, deen op d’ Method vum Trainingsraum opbaut, kenne Schüler op Basis vun engem strukturéierte Bericht an engem Gespréich iwwert hiert Verhale nodenken. Säit Hierscht 2008 gëtt des Mesure am NOSL ugebueden a vun der ganzer Equipe psycho-socio-éducative ëmgesat. Eng vergläichend Studie iwwert den Time Out gouf um Enn vum Schouljoer 2010/2011 duerch eng Studentin vun der Uni Lëtzebuerg gemaach.
Kontakt: veronique.schons@nosl.lu